Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner.

A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren.

Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv.

All zweeten Donneschden kënnt eng nei Episod eraus.

Episod 14 - Top Secret aus den Archiven

De Max an den Dani sinn aus hierer klenger Chrëschtvakanz-Paus zeréck an dat mat der Episod 14. Eng Episod déi et a sech huet. Nodeems déi zwee nämlech vum Chef erwëscht gi si wéi se an den Archive gewullt hunn, kruten se 2 Woche Kontaktverbued. D’Archive beim Eldo sin helleg a wann déi zwee doranner wullen, dann heescht dat definitiv näischt Guddes … fir de Chef. Se hunn nämlech no enger Testsendung gesicht, déi se virun ongeféier engem Joer wärend der Ausgangsspär opgeholl hunn. Eng Sendung déi, nodeems de BigBoss se gelauschtert huet, net huet dierften ausgestraalt ginn. A genau déi Sendung hunn de Max an den Dani erëm fonnt, schéi propper zesumme geschnidden an an de Podcast gepak. Wisou elo den Dani vum Max aus enger Telefonskabinn ugeruff kritt, gëtt ee just an dëser Episod gewuer.