Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner.

A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren.

Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv.

All zweeten Donneschden kënnt eng nei Episod eraus.

Lauschtert hei d'Episod

Episod 17 – Spontan ass de Brudder vun Delikat

De Max an den Dani melle sech mat enger neier Episod zeréck. Allerdéngs ass déi ganz anescht verlaf wéi dat geplangt war. Um Planning stoung ee Special-Guest, dee leier kuerzfristeg huet missten ofsoen. Wat natierlech mat sech bréngt, dass déi zwee nees dat hu misste maache wat se am beschte kënnen, nämlech improviséieren. Wat an dësem Fall zu zwee ganz delikaten Diskussioun gefouert huet.