Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner.

A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren.

Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv.

All zweeten Donneschden kënnt eng nei Episod eraus.

Lauschtert hei d'Episod

Episod 18 - Evelyna Exclusiv

De Max an den Dani halen hier Verspriechen. Bei der leschter Episod war den Invité leider kuerzfristeg ofgesprongen esou, dass et elo fir dës Episod dann awer geklappt huet.
Op Besuch am Studio haten de Max an den Dani soss keen anere wéi d’Evelyna Exclusiv, eng Damm aus der Erotik-Branche. Déi dräi hunn iwwert alles geschwat wat et esou ze schwätze gëtt a kloer gemaach, dass jiddereen esou ka si wéi e wëll, ouni sech vun anere Leit domm Remarke musse gefalen ze loossen.

Kuckt hei de Video