
© Eldoradio
All drëtte Freide juuubelen de Serrig an den David.
De Serrig an den David hunn elo hiren eegene Podcast an zerwéieren iech hiert Gebraddels elo reegelméisseg, fir deen, deen et wëll, gëtt et schéin. Fir déi et net wëllen, a 25 Minutte si mer duerch... esou an elo maacht iech labber a lass... Juuubel !!!
Episod 34: Bobycar or Bobylegend?
E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.