Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn

- oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven

Zweemol de Mount hei op eldo.lu an all de bekannte Podcast-Plattformen!

Episod 14 - Mir mussen iwwert de Kleesche schwätzen
(Ufank August 2020)

Mëtt August an dem Lynn brennt d’Problematik vum decke Mann mam wäisse Baart op der Zong. D’Sarah bekennt sech zu sengem Hond a sengem Superraupi-Dasein. An d’Catherine beschreift wéi et schmaache muss wann een engem Doudegen an d’Zéif bäisst. Eis ass opgefall: Dës Episod kéint provozéieren.

Keck geet et och bei eis op Instagram virun!