
© Eldoradio
De Charel an d'Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Episod 70 - D'Verschwanne vum Sigrid Paulus
De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd. Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.
Lauschtert hei déi nei Episod: