"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.

An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

All zweete Mëttwoch erwaart iech hei dann een néie spannenden Fall.

Episod 21: Gypsy Rose

D'Gypsy ass en jonkt Meedchen dat zanter senger Kandheet gehäit ass. D'Gypsy ass schwéier krank an d'Liewe leet him a senger Mamm ëmmer méi Steng an de Wee. Am Joer 2015 ännert sech alles, bis eng traureg d'Wourecht un Dagesliicht trëtt.