"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.

An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

All zweete Mëttwoch erwaart iech hei dann een néie spannenden Fall.

Episod 24 - Amanda Todd

Ee jonkt onschëllegt Meedchen aus Kanada mécht en Feeler am Internet, dëse Feeler ass den Ufank vu sengem Enn.

Als Invité mat dobäi war Tania. Ob sengem Instagram Account beschäftegt hat sech mat Mental Health. Ze fannen ass Tania op Instagram ënnert Niataella.

Fir all déi vun iech déi Mental Problemer hunn wéi Depressiounen, Panikattacken, oder Opfer vu Mobbing sinn etc, hunn mir hei eng kleng Lescht mat Ulafstelle wou dir Hëllef fannt.

- SOS Detresse (www.454545.lu)
- ASBL Mobbing (www.mobbingasbl.lu)
- BEE Secure (www.bee-secure.lu)
- Kanner an Jugend Telefon (www.kjt.lu)
- Service d information et de prevention vun der Ligue
(www.prevention-suicide.lu & www.prevention-depression.lu)