
© Eldoradio
An dësem neie Podcast schwätzen de Mike an den Ayko all éischte Méinde vum Mount iwwer hir Erliefnesser, Erfarungen an Erausfuerderung als Papp. Op mol méi seriö a witzeg Anekdoten aus deem neie Liewensofschnëtt Papp. Mat eisen Erfarungen an Erliefnesser aus der Vue vun engem Papp begleede mir iech duerch déi spannend Zäit vu Gebuert bis op déi éischt Schrëtt eleng a villes méi.
Episod 3 - Elo geet et shoppen
Vun Saachen déi d'Mamme richen an d'Pappen am Shoppingwahn, geet et an dëser Episod ëm alles wat ee kafe muss a wat net a wei de Gerochssënn vun der Mamm ännert.
Lauschter hei déi nei Episod: