- den alternative staarken Tubak!

Fir dem Chris an dem Julie hire Podcast braucht dir iech net waarm unzedoen, "schaarfen Ueleg" dreift iech och esou d'Schweesspärelen op d'Stir. Fir all Folleg si mir op der Sich no skurrillen, interessanten an aussergewéinleche Mënschen, déi eppes ze zielen hunn. Mir stellen déi Froen, déi eis op der Zong brennen.

Episod 22 - Bass du doheem fir z'iessen

An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d’Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz…
Ausserdeem: D’Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d’politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!