Dës Woch waren déi zwou Metal-Bands Parity an Abstract Rapture op Besuch am Studio6.

Studio6

De "Studio6" ass d'Sendung iwwert déi lokal Musekszeen op Eldoradio! Ëmmer mëttwochs owes vun 19:00 bis 20:30 Auer invitéieren de Chris an den Nic MusekerInnen, Bands, ProduzentInnen, Labels, etc. Freet iech op labber Gespréicher iwwer Musek an d'Karriär vun den Invitéen, op Live-Performances an déi coolsten nei Songs aus Lëtzebuerg!

Lauschtert hei de Replay vun där leschter Sendung

Parity & Abstract Rapture

Dës Woch hate mer dann och direkt zwou Bands op Besuch am Studio6. Déi zwou lëtzebuergesch Metal-Bands Parity an Abstract Rapture spillen nämlech de 6. Abrëll zesummen ee Concert an der Kufa zu Esch. Hei konnte mir dann och vun deenen zwou Bands gewuer ginn, wéi si u neier Musek schaffen a wat och den Ënnerscheed tëschent enger Band déi 5 Joer al ass an enger Band déi iwwer 20 Joer al ass. Ganz dacks ass dann och op deenen zwou Säiten dat Wuert "Metal-Famill" gefall, wat een dann och wäert um Concert an der Kufa erliewe kënnen. Parity wäerten dann och nach dëst Joer eng EP erausbréngen déi si scho fläisseg amgaang sinn ze produzéieren. Fir nei Musek vun Abstract Rapture muss een sech dann awer nach bësse gedëllegen, do ass een neien Album réischt fir  2024 geplangt.

RTL

© Eldoradio

Frësch gepresst

Dës Woch hate mer direkt zwee frësch gepresst. Lass goung et mam DJ Waztoo deen elo mat "Open Fire" seng neiste Single erausbruecht huet. An dëser Single ass de Sound dann och bësse méi poppeg wéi een dat vum Lëtzebuerger DJ gewinnt ass. Dat koum doduerch, dass hien hei mat der Sängerin Siera zesummegeschafft huet, an hat ee kompletten Text fir d'Single geschriwwen hat. Am Text geet et da bëssen dorëm dass d'Léift änlech wéi d'Feier ni ganz ausgeet.

RTL

Als zweet hate mer de lëtzebuergesche Rapper Siciliano LX mat senger neister Single "Ich Brauche Sie " mat op der Playlist. De Museker war jo och schonn am Studio6 op Besuch. Dës Single huet de Siciliano LX dann och zu Berlin an engem Dag geschriwwen. Dat zu enger Zäit an der hien sech virgeholl hat all Dag eng Single ze schreiwen. Net alles wier hei och gutt gewiescht, mee dës hätt him esou gutt gefall dass hien déi och released hätt.

RTL