
© Eldoradio
All Mëttwoch Owend invitéiert de Chris déi lëtzebuergesch Museksbranche an de Studio6!
Studio6
De "Studio6" ass d'Sendung iwwert d'lokal Musekszeen op Eldoradio! Ëmmer mëttwochs owes vun 19:00 bis 20:30 Auer invitéiert de Chris Museker*innen, Bands, Produzent*innen, Labels, etc. Freet iech op labber Gespréicher iwwer Musek an d'Karriär vun den Invitéen, op Live-Performances an déi coolsten nei Songs aus Lëtzebuerg!
SACEM - Marc Nickts
Déi lëtzebuergesch Verwäertungsgesellschaft feiert donneschdes den 21. September hir 20 Joer. Ënnert dem Motto "Community & Diversity" fënnt deen Owend an de Rotondes eng Showcase-Soirée mat Acts ewéi Claire Parsons, Serge Tonnar, Nicool oder Balthasar-Rosenfeld-Leen-Moreira statt. Um 19:00 Auer ginn d'Dieren op, den Entrée ass gratis an all museksbegeeschtert Persoun ass wëllkomm!
Am Kader vum Anniversaire ass de Gérant vun der SACEM Luxembourg Marc Nickts dëse Mëttwoch op Besuch am Studio6. Ënnert anerem betount hien, firwat et wichteg ass sech als Auteur/Compositeur/Editeur bei der SACEM ze registréieren a verréit eis, wéi d'Verwäertungsgesellschaft mat soziale Medien ewéi TikTok ëmgeet.

© SACEM Luxembourg