E Mëttwoch den Owend war de lëtzebuergesche Museker Pleasing op Besuch am Studio6!

Studio6

De "Studio6" ass d'Sendung iwwert déi lokal Musekszeen op Eldoradio! Ëmmer mëttwochs owes vun 19:00 bis 20:30 Auer invitéieren de Chris an den Nic MusekerInnen, Bands, ProduzentInnen, Labels, etc. Freet iech op labber Gespréicher iwwer Musek an d'Karriär vun den Invitéen, op Live-Performances an déi coolsten nei Songs aus Lëtzebuerg!

Lauschtert hei d'Interviewen aus der leschter Sendung

Pleasing

Mat 16 Joer gouf beim Patrick Miranda eng Depressioun diagnostizéiert. Net eleng sinn, d'Präsenz vu senge Kolleegen, senger Famill, besonnesch senger Schwëster a virun allem Musek hunn him immens vill gehollef. De Patrick huet einfach alles opgeschriwwen an doraus säin immens emotionalen Debut-Album geschaf. "in the mood for super dark times" ass natierlech Thema am Studio6. Donieft schwätze mir awer och iwwert säin aktuelle Projet "the y in you", deen hien zesumme mat der Ligue luxembourgeoise d'hygiène mentale realiséiert huet a mat deem hien géint d'Stigmatiséierung vu psychesche Krankheeten kämpft!

RTL

Pleasing am Studio6 / © Eldoradio

Frësch gepresst

An der Rubrik "frësch gepresst" presentéiere mir iech all Woch déi coolsten nei lëtzebuergesch Musek. Dës Woch hu mir déi nei Single vum CHAiLD mat dobäi. Nom Song "For Your Lovin'", deen e bësse méi dancy ass, huet hie mat "Slow Down" elo eng ganz roueg "musikalesch Ëmaarmung" erausbruecht.