
E Mëttwoch den Owend war déi lëtzebuergesche Band The Cookie Jar Complot op Besuch am Studio6!
Studio6
De "Studio6" ass d'Sendung iwwert déi lokal Musekszeen op Eldoradio! Ëmmer mëttwochs owes vun 19:00 bis 20:30 Auer invitéieren de Chris an den Nic MusekerInnen, Bands, ProduzentInnen, Labels, etc. Freet iech op labber Gespréicher iwwer Musek an d'Karriär vun den Invitéen, op Live-Performances an déi coolsten nei Songs aus Lëtzebuerg!
Lauschtert hei d'Interviewen aus der leschter Sendung
The Cookie Jar Complot
Fir déi nei Saison ze starten, waren de Gilles an de Sven vun der Band The Cookie Jar Complot bei eis am Studio6. Déi zwee Museker hunn de Summer genoss mee awer och genotzt fir nei Musek ze produzéieren. Dobäi sinn dann och direkt zwee Lidder "Cookies" an "The Cookie Jar Complot" erauskomm. An der Sendung goufe vill Theme beschwat, wéi zum Beispill wéi et zum Numm vun der Band komm ass, wisou si kee Sänger hunn oder och wat an Zukunft nach esou um Programm steet.

© Eldoradio
Frësch gepresst
An der Rubrik "frësch gepresst" presentéiere mir iech all Woch déi coolsten nei lëtzebuergesch Musek. Dës Woch hate mir de lëtzebuergesche Rapper Tommek mat senger neier Single "Alles Alarméiert" mat dobäi. Dësen Track huet hien zesumme mam CDS 13 El Nino an Turnup Tun erausbruecht gehat. Dës Single ass definitiv geschriwwe gi fir gutt Laun ze verbreeden.
