E Mëttwoch den Owend hate mir eng Playlist voller neier lëtzebuerger Musek!

Studio6

De "Studio6" ass d'Sendung iwwert déi lokal Musekszeen op Eldoradio! Ëmmer mëttwochs owes vun 19:00 bis 20:30 Auer invitéieren de Chris an den Nic MusekerInnen, Bands, ProduzentInnen, Labels, etc. Freet iech op labber Gespréicher iwwer Musek an d'Karriär vun den Invitéen, op Live-Performances an déi coolsten nei Songs aus Lëtzebuerg!

Lauschtert hei d'Interviewen aus der leschter Sendung

New Music Wednesday

Et ass Rentrée! An dat mierkt een och an der lëtzebuerger Musekszeen. Am Studio6 vun dëser Woch hate mir deemno ganz vill nei Musek an Interviews mat Kënschtler*innen. Mat dobäi waren ënnert anerem de Clever CEO, Saint Charles, DJ Mike MC, Sixo & Irem, DNS oder Blanket Hill!

Frësch gepresst

An der Rubrik "frësch gepresst" presentéiere mir iech een oder méi Songs méi genee. Dës Kéier waren dat "Hypnotized" vun Trouble In Paradise, deen neien Track "Last Love" vu Bolier & Iceleak a "Breaking Bones" vu Quantum Dot.