
E Mëttwoch den Owend war d'Priscila Da Costa vum Projet Ptolemea op Besuch am Studio6.
Studio6
De "Studio6" ass d'Sendung iwwert déi lokal Musekszeen op Eldoradio! Ëmmer mëttwochs owes vun 19:00 bis 20:30 Auer invitéieren de Chris an den Nic MusekerInnen, Bands, ProduzentInnen, Labels, etc. Freet iech op labber Gespréicher iwwer Musek an d'Karriär vun den Invitéen, op Live-Performances an déi coolsten nei Songs aus Lëtzebuerg!
Lauschtert hei de Replay vun där leschter Sendung
Ptolemea
Dës Woch war Priscila Da Costa vum Projet Ptolemea bei eis op Besuch am Studio6. Mat him hu mer driwwer geschwat, wéi hat iwwerhaapt zur Musek komm ass, wéi et war eng Rocklab Pop Up Session an enger Hiel ënnert dem Buedem opzehuelen a natierlech och iwwert säin neien Album. "Balanced Darkness" wäert den 21. Januar erauskommen a mat enger grousser Release-Party am Club vun der Rockhal geféiert ginn. An der Sendung krute mer dann och mat e puer Singles schonn ee gudden Avant-Goût wat eis dann erwaart wann den Album dann endlech dobaussen ass. Déi lescht Tickets fir d'Release-Party kann een sech dann och lo nach op rockhal.lu kafen.

Frësch gepresst
Dës Woch hate mer direkt zwee frësch gepresst. Lass goung et mam NOAH, engem jonke lëtzebuergesche Sänger deen am Moment an der Géigend vu London wunnt a sech hei komplett op seng Musek konzentréiert. Viru kuerzem huet hie seng aktuell EP "Monster" erausbruecht gehat. Am Atelier stoung de NOAH dann och bei Bands wéi "The Libertines" oder "Sam Ryder" als Support Act mat op der Bün.

Als zweet hate mer d'Florence Besch mat senger neier Single "Screaming Girl" mat dobäi. Hei huet hat eis dann och verrode wisou d'Single genee dësen Numm krut a wat nach an Zukunft bei him um Programm géif stoen. De Mäerz kann een sech op jiddefalls mol rout am Kalenner usträiche wann engem dem Florence seng Musek gefält.

© Zeynep Alpay