Et gi Leit, déi soen: "Näischt ass méi langweileg wéi Lafen."

Gutt, solle si halt weider Golf spillen. Fakt ass, dass ëmmer méi Leit lafe ginn. An Tempo, dat ass de Lafpodcast fir dës Leit - souwuel fir Lafufänger wéi och fir méi ambitionnéiert Sportler.

2x de Mount weisen d’Christine an den Andy, wéi ee méi Bewegung an säin Alldag kritt a seng sportlech Zieler erreeche kann. Tempo - ee Podcast deen iwwerrall ka gelauschtert ginn. Och beim Lafen.

Episod 17 - Tipps fir wärend de Feierdeeg net zouzehuelen

All Mënsch kennt dat – Chrëschtdag steet virun der Dir an op all Eck lauere kulinaresch Geforen: Glühwäin, Spekulatius, Wafelen an anert séisst Gebäck. U Beweegung a Sport denkt ee wärend de Feierdeeg oft net. Kee Wonner, dass d'Leit hei zu Lëtzebuerg aktuellen Ëmfroen no wärend de Feierdeeg an der Moyenne 2 kg zouhuelen. Grond genuch fir d'Christine an den Andy ze kucken, wéi een d'Chrëschtdagszäit ouni Gewiichtszounam iwwerstoe kéint. Si hu sech e puer Strategien ausgeduecht a si gespaant wéi eng iech am beschte gefält.

Weider sportlech Tipps ginn et och op Instagram!