© Screenshot Facebook / Belgitude.be
Nëmme well ee seng Mask esou undeet gëtt een net zum Superheld...
Op ville Plazen ass Maskeflicht, esou zum Beispill am ëffentlechen Transport. Ma och wann d'Leit dat mëttlerweil alleguerte matkruten, verstan hu verschidde Leit d'Iddi hannendru wuel ëmmer nach net.
Esou ze gesi bei enger Fra, déi et wuel méi schéi fonnt huet, hir Mask wéi den Zorro iwwert d'An ze zéie wéi richteg unzedoen. Villäicht huet se dat mam Maskebal och einfach falsch verstanen - op alle Fall ass et e witzegen Ubléck fir déi aner Passanten, wann och wierklech net empfeelenswäert!