© Twitter Screenshot / Cara Fields
Als Batman oder Waldo - De Matt Fields ameséiert senger Fra hir Aarbechtskolleegen am Home Office!
Videokonferenze si fir vill Leit den neien Alldag a gi gläichzäiteg an Abléck an d'Privatliewe vun den Aarbechtskolleegen. Wärend déi eng sech Méi ginn hir nei Aarbechtsplaz doheem ze dekoréieren, aktivéieren Anerer einfach en digitalen Hannergrond an nach Anerer ginn esou richteg kreativ. Esou och de Matt Fields, de Mann vum Cara Fields aus dem US-Bundesstaat Indiana.
Dësen huet sech e Spaass doraus gemaach wärend senger Fra hire Zoom-Konferenzen am Hannergrond ze sëtzen. An dat ëmmer nees nei verkleet. Esou sëtzt en heiansdo als Batman do, dann als Cowboy oder och mol als Waldo. D'Fra wousst ufanks näischt dovun a sot d'Aarbechtskolleegen hätten hien entdeckt ier si eppes dovu matkritt hätt. D'Kreativitéit vum Mann suergt awer net fir Kapprësele mee fir Begeeschterung an ass an de sozialen Netzwierker séier viral gaangen.
Nodeems d'Fiels déi éischt Fotoe vun hirem Mann op Facebook gedeelt hat, sinn och scho weider Kostümer per Post ukomm. An och an de Kommentare ginn eventuell Verkleedunge proposéiert. Domat ass de Matt dann och bestätegt ginn, dass seng Aktioun gutt dobaussen ukënnt an esou huet de Mann, den Aussoe vum Cara no, ugefaangen och d'Video-Calls vu senge Kanner ze stéieren.