Wei déi neiséilännesch Premierministesch Jacinda Ardern mat hirem Partner an e Café goe wollt fir ze Brunchen, koum et anescht wei geplangt.

De Besëtzer vum Café huet der Premierministesch et net erlaabt bei him ze Brunchen. Grond dofir sinn d’Moossnamen déi vun der Regierung getraff goufen. Et war keen Dësch méi fräi de wäit genuch vun engem anere fort stoung. Sou hunn sech déi zwee nees op den Heemwee gemaach. Ma no puer Minutten ass de Besëtzer hinnen hannendrun gelaf an huet déi flott Noriicht iwwerbruecht, dass eng Platz frei gi wier. Wei de Besëtzer duerno matdeelt hätt hien dëst fir all Client gemaach an net just bei der Premierministesch vu sengem Land.