© ROBYN BECK / AFP
Den US-Schauspiller Jim Carrey huet wärend enger Ried vum Donald Trump d'Geleeënheet ausgenotzt fir de Geck mat him ze maachen.
Den Jim Carrey, deen duerch Filmer wéi “Ace Ventura” a “Grinch” bekannt gouf, huet sech gefilmt wéi hien dem US-President Donald Trump seng Ried gekuckt huet. Fir de Geck mat him ze maachen huet hien a seng Richtung gehouscht an an en Nuesschnappech geschnäizt. Zum Schluss verdeckt hien dem Trump säi Gesiicht mat sengem knaschtegen Nuesschnappech.
Dëse Video gouf natierlech ganz vill gedeelt a kommentéiert. Kuckt iech en hei un!