© YONHAP / AFP
Fussball ganz ouni Zuschauer ass net dat selwecht duecht sech e koreanesche Club an huet sech alternativ Fans op d'Tribüne geholl.
Fussballmatcher dierfen op ville Plazen nees ausgedroe ginn, just d'Tribüne bleiwen nach eidel. Ma ganz ouni Publikum ass Fussball net dat selwecht, fanne souwuel d'Fans wéi och de südkoreanesche Fussballclub "FC Seoul". Dofir huet dëse fir säin éischten Heemspill Poppen op d'Tribün gesat, datt de Stadion net ze eidel ausgesäit. Dat waren awer net iergendwellech Poppe mee 30 Sexpoppen, 5 dovu männlech, 25 weiblech.
Nodeems sech e puer Fans doriwwer beschwéiert hate well d'Sexpoppe Reklamme vun enger Sex-Website an d'Luucht gehalen hunn, huet de President vum Club sech entschëllegt. Den FC Seoul huet doropshin erkläert, datt et Premium-Vitrinne-Poppen wiere mee se sech net bewosst waren, dass se vun engem Liwwerant kéimen, dee Sexspillsaache produzéiert.
De Fussballclub hätt deemno net iwwerpréift wéi eng Produiten d'Entreprise bei där se bestallt hätten nach esou produzéiert. D'Poppen hätten immens reell ausgesinn an dowéinst hätt ee guer net doru geduecht, dass et Sexpoppe kéinte sinn.
Ma och wann et fir e klenge Shitstorm gesuergt huet, de fake Public hat anscheinend gehollef. Den FC Seoul huet géint Gwangju FC gewonnen. Iwwregens déi falsch Zuschauer si mat guddem Beispill viru gaangen an haten di ganzen Zäit e Mondschutz un an hunn e gewësse Sécherheetsofstand gehalen.