Esou einfach kann een d' "Marauder's Map" aktivéieren...

Fans vun den Harry Potter-Bicher a - Filmer kennen natierlech och de Begrëff "Marauder's Map", op Däitsch "Karte des Rumtreibers" genannt. An der Geschicht geet dës nëmmen op mat de richtege Wierder an engem Zauberstab, am wierkleche Liewe muss een einfach drop otmen. Esou op alle Fall bei der neister Masken-Creatioun vum Stefanie Hook.

D'Kënschtlerin aus den USA huet dëse Mondschutz kreeéiert, deen duerch déi waarm Loft, déi ee beim otmen ausstéisst, d'Faarwe changéiert. Wann d'Temperatur vun 27.778°C erreecht gëtt, erkennt een op der Mask op eemol d'Kaart aus der Zauberwelt.

@coloradopex

I am the maker of the mask 🖤🖤🖤 ##mask ##hp ##artist ##smallbusiness ##magic *checkmeouton FB ***CPEX

♬ original sound - coloradopex

Eegenen Aussoen no, wollt d'Designerin e bësse Magie an d'reell Welt bréngen an d'Leit dozou motivéiere kreativ ze ginn an hir Imaginatioun ze benotzen. D'Hook huet och eng eege Website op där een d'Maske kafe kann, d'Leit waren awer esou begeeschtert, dass de spezielle Mondschutz aktuell komplett sold out ass.

@coloradopex

Wanted to make a crispier updated video of what to expect your masks to look like limited quantities ##handmade ##harrypotter ##mask ##artist ##maurauders

♬ original sound - coloradopex