Keen Euro ausginn an e Picasso am Wäert vun enger Millioun geschenkt kréien? Dat ass d’Realitéit vun enger glécklecher Gewënnerin aus Italien!

Zu Paräis gouf d’Bild „Stilleben 1921“ vum Pablo Picasso bei der Live-Iwwerdroung vun enger Auktioun vu Christie’s verloust. De Lous hat e Wäert vun nëmmen 100 Euro am Géigesaz zum Bild wat e Wäert vun enger Millioun Euro huet. Elektronesch gouf dann d’Gewënnerin aus Italie gezunn. Nach méi skurril: si hat hire Lous emol net selwer bezuelt a krut dëse geschenkt.

51 000 Louse vun 100 Euro goufe verkaf an domat goufe 5,1 Milliounen Euro fir d’Hëllefsorganisatioun Care gesammelt.

Bis ewell war d’Bild am Picasso-Musée zu Paräis ausgestallt.