Well hien si kuerz virum chinesesche Vältesdag verlooss huet, huet eng Fra aus Shangdong sech un hirem Ex-Frënd gerächt.

Eng Fra aus der chinesescher Provënz Shandong huet sech op eng éischter ongewéinlech Manéier un hirem Ex-Frënd gerächt. Dësen hat si kuerz virum chinesesche Vältesdag verlooss. Doropshin huet d'Fra am Internet e puer Tonnen Zwiwwele bestallt an de Fournisseur dozou ugewisen dës hirem Ex-Frënd virun d'Dier ze liwweren. Nieft dem Koup Zwiwwel louch en Ziedel op dem stoung, dass d'Fra no hirer Trennung 3 Deeg laang gekrasch hätt, an dass et elo un hirem Ex-Frënd wier fir ze kräischen.

Op enger chinesescher Internetsäit huet d'Fra matgedeelt, dass hiren Ex-Frënd si staark blesséiert hätt, ewéi hien sech no bal engem Joer Bezéiung vun hir getrennt hat an dass hie selwer refuséiert hätt, wéinst der Trennung ze kräischen.

Ob de de Mann gekrasch huet, ass net gewosst. Hien huet awer wësse gedoen, dass hien dës Aktioun vu senger fréierer Partnerin fir iwwerdriwwen hält. Dem Mann seng Noperen hunn sech iwwerdeems wéinst dem Gestank vun den Zwiwwele beschwéiert.