Eng Inderin huet hire blesséierte Papp 1000 Kilometer mam Vëlo duerch d'Land heem gefuer. Elo huet si vun der Nationalekipp en Training ugebuede kritt.

Jyoti Kumari, nëmme 15 Joer al, huet säi blesséierte Papp mam Vëlo iwwer 1000 Kilometer duerch Indien gefuer, fir hie wärend dem Lockdown heem ze bréngen. Wéinst dem Lockdown war och den ëffentlechen Transport ënnerbrach.

A knapp 7 Deeg ass d'Meedchen 1.200 Kilometer gefuer. Virum Depart hat hat mat sengem Papp nach e Second-Hand-Vëlo kaf fir an d'Heemecht ze fueren.

Déi indesch Vëlosfederatioun ass op dës Leeschtung opmierksam ginn an huet dem Meedchen en Opnametest fir déi indesch Vëlosekipp ugebueden. Dëse Sportstest soll d'Meedche maachen, soubal hat nom Lockdown op Neu Dehli kann zréck.