D'Freda Hodgson aus Hersham huet domat och nach 2 Weltkricher, an ee Biergerkrich iwwerlieft.

Ënnert all deene schlechten Nouvellen ëm de Coronavirus gëtt et eng, déi besonnesch Hoffnung mëscht.

Déi 106 Joer al Freda Hodgson aus England hat sech am Abrëll mam Virus infizéiert. Si hat Féiwer, eng Longenentzündung a Péng am ganze Kierper. Wéi si géintiwwer de Medie seet, hätt si d'Knéien an de Réck esou wéi gehat, dass se sech net méi beweege konnt.

Mëttlerweil huet si sech vollstänneg erholl, an ass deementspriechend optimistesch. Esou seet si, dass si elo nees all Dag hire Brandy drénkt, an hir Memoirë geschwënn a Form vun engem Buch verëffentlech wäert.

Zemools d' Famill vum Freda Hodgson ass houfreg, ëmmerhin huet si vill am Liewe matgemaach. 1913 gouf si an engem Schlass gebuer.  Spéider huet se als aarme Fra 4 Kanner am Simbabwe groussgezunn, wou si hu misse flüchten, a just 1 Kand iwwerlieft huet. Duerno huet si an England fir d'Queen gekacht, an huet ausserdeem zwee Weltkricher, ee Biergerkrich, an d'spuenesch Grippe iwwerlieft.