An de Schiet gestallt gi vun engem Kran...

D'Sonn schéngt an d'Temperature sinn héich zu London. Gutt Wieder an England, dat klengt schonn absurd genuch mee dat ass nach net dat Skurrilst un dëser Geschicht.

E Mann wollt vun dësem schéine Wieder profitéieren an huet et sech an der Schwammbox dobausse bequem gemaach. Knapps hat e sech an d'Sonn geluecht, gouf em awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Iwwert him ass op eemol de Schiet vun engem Kran opgezunn. Wat mécht een do? Ganz einfach et réckelt een einfach e bëssen a leet sech nees an d'Sonn. Blöd just wann de Mann um Kran genee dat am Bléck huet an och réckelt, just fir de Sonnenanbeter ze nerven.

Esou geet dat Ganzt hin an hir, bis de Mann dee vum Schiet verfollegt gëtt richteg genervt ass, de Mann um Kran fënnt dat Ganzt zimmlech amüsant.