E Possum an Australien erënnert d'Leit un d'Kultfigur aus Pokémon.

Possume sinn an Australien net seelen, normalerweis sinn dës awer brong oder groelzeg. Net esou de klenge Kärel, deen elo zu Victoria fonnt gouf am "Boronia Veterinary Clinic And Animal Hospital", dësen ass nämlech giel. An och wann de Pikachu eigentlech eng Maus soll sinn an deemno kee Possum, erënnert dat gielt Déier ganz vill Leit un d'Figur aus Pokémon.

D'Déiereklinik hat eng Foto vum Possum op de sozialen Netzwierker gedeelt, déi doropshi vill Opmierksamkeet krut. Bei der Foto stoung dunn ausserdeem nach, dass d'Faarf op Grond vun enger Mutatioun zustane kënnt, déi fir den niddrege Level um Pigment Melanin zoustänneg ass. Déi grell Faarf ass seelen an der Natur an och wann d'Déieren doduerch op eis ganz speziell wierken, esou ass et fir si geféierlech well se sech am Fräien net viru méiglechen Ugräifer verstoppe kënnen. Am Déierenasyl kann de "Pikachu" also ganz a Rou säi Liewen, a vun elo u wuel och seng Bekanntheet, genéissen.