Wann de Paschtouer d'Waasserpistoul auspaakt weess een: D'Zäite vum Coronavirus sinn nach net eriwwer...

"Paschtouer schéisst op Kand", dës Neiegkeet géif zu all Moment schocken. Wär do net Waasser an der Plastikspistoul a wär et net 2020: d'Joer an deem an de Kierche gäre mol mat Hëllef vu Pistoule geseent gëtt.

Op enger Foto, déi an de soziale Medien opgedaucht ass gesäit een e Paschtouer, dee mat enger Waasserpistoul op e Kand ziilt, dat a senger Mamm hiren Äerm läit. Et gesäit schonn absurd aus mee de Sécherheetsofstand ass soumat ëmmerhin agehale ginn. Villäicht kéint déi kathoulesch Kierch jo sou lues driwwer nodenken eege Gadgeten ze bestellen, Waasserpistoulen a Form vun engem Kruzifix zum Beispill oder eng Jesus-Figur, déi Waasser späizt.