Liichttuerm, Rutschban, Waasserfall an zwee Booter - A Florida sicht en Haus mat Waasserpark en neie Besëtzer!

Südlech vum John Pennekamp Coral Reef State Park befënnt sech en aussergewéinlecht Wunnhaus: Et huet 6 Zëmmer, siwe Buedzëmmer an e 6500 Quadratmeter grousse Waasserpark. D'Haus an d'Anlag ronderëm erënneren un e Vakanzeressort mat enger Bréck déi iwwert de Pool bei de Liichttuerm féiert. Et gi Waasserfäll a souguer eng Rutschban. Ausserdeem stinn Tiki-Hütte prett, dass ee sech virun der Sonn schütze kann an Outdoor-Kachméiglechkeete fir de klengen oder groussen Honger.

De Lautsprechersystème, direkt e puer Teleeën an och soss d'Miwwele sinn iwwregens inclus. Dat ass awer nach net alles, och e Volleyballfeld an eng Tennisplaz befanne sech um Grondstéck. Ma fir déi knapp 8 Millioune kritt den neie Besëtzer dann och nach 200 Meter Mierzougang, zwee Booter an e Bootslift.