Och Fantasie-Restaurante bleiwen net verschount vun de Kritiker...

Vill Eltere vergëtteren dat wat hir Kanner produzéieren, ganz egal wéi onspektakulär et a Wierklechkeet ass. Ganz anescht war do dem Christophe Kyle, dem Ava sengem Papp, seng Attitüd. Seng Duechter huet eng kleng Spillkichen an huet säi Papp a säi Fantasie-Restaurant agelueden. Hien huet sech och brav un den Dësch gesat a gemaach wéi wann hien e richtege Gaascht wier.

Souguer eng Bewäertung gouf et duerno via Instagram, mat der passender Foto op deem de Papp net immens zefridde wierkt. "Ech hunn haut mol nees probéiert en afroamerikanesch gefouerte Betrib ze ënnerstëtzen. En heescht "Ava's Kitchen" an huet eréischt am Abrëll opgemaach. Et ass e proppere Restaurant mee "iiiih", loosst mech iech vun der Besëtzerin erzielen", esou de Papp an der Beschreiwung vu sengem Post. Hien hätt sech iwwert d'Loftballone beschwéiert, déi um Stull houngen an hätt als Äntwert kritt: "Këmmer dech em deng Saachen, déi gehéieren der Mamm". Ausserdeem hätt e 45 Minutte laang op d'Iesse waarden an dat obwuel hien den eenzege Visiteur gewiescht wier. De Grond: d'Kächin hätt sech 20 Minutte Paus gegënnt fir Fernsee ze kucken. "Am Groussen a Ganze kéint de Service un de Cliente besser sinn", esou de Papp.

Dem Kyle säin Humor kënnt op Instagram gutt un, 1000e vu Leit gefält seng éierlech ironesch Kritik. Ëmmerhin huet hie seng Bewäertung och mat de Wieder "D'Kächin ass süss, ech wäert hir also nach eng Chance ginn", ofgeschloss.

Wie weess villäicht gëtt et di nächste Kéier jo eng besser Kritik, vill Fans huet de klenge Restaurant an och d'Besëtzerin op alle Fall elo schonn!