D’Spezialiste vum Klinikum Fulda (D) hunn e Kand op d’Welt bruecht wat net méi 450 Gramm op d’Wo bréngt.

Dat kléngt Meedche gouf no 21 Wochen a 4 Deeg mat Hëllef vu Spezialisten am Klinkum Fulda an Däitschland op d’Welt bruecht. Dem Chefdokter no wier et déi kierzte bekannte Schwangerschaft vun allen Zäiten. Viru kuerzem konnt de Puppelchen no 13 Méint an der Klinik heem goen. Bei der Gebuert huet d’Meedche 450 Gramm gewien a war 25,5 Zentimeter grouss. D’Meedchen ass zesumme mam Zwillingsbrudder doheem op d’Welt komm. De Brudder ass e puer Stonnen no senger Gebuert un Häerzversoe gestuerwen.

Den Direkter vun der Klinik Reinald Repp erkläert dass bei sou fréi gebuerene Kanner e grousse Risiko fir Erkrankungen a Behënnerungen am Beräich vun der Long, Gehier, Daarm an den Aen besteet. An dësem Fall wier awer alles ok an d’Kand wäert en normal Liewen ouni Problemer féiere kënnen.