355 Deeg huet de Kim Yong Hee op engem 25 Meter héijen Tuerm géint seng Entloossung protestéiert.

E fréiere Mataarbechter vun der Samsung-Grupp huet säi Protest géint seng Kënnegung no bal engem Joer gestoppt. Den 61-Järege Kim Yong Hee ass op engem Tuerm fir Traffickameraen an der südkoreanescher Haaptstad Seoul ronderëm geklotert. D´Entloossung vum Mann ass scho 25 Joer hier. Hien huet Samsung beschëllegt hier rausgeheit ze hunn well hien eng Betribsgewerkschaft grënne wollt.

Nodeems de Kim 24 Joer laang probéiert huet nees agestallt ze ginn, huet en am Juni 2019 decidéiert säi Protest op dem Tuerm unzefänken. No 355 Deeg ass lo Schluss. Mat enger Entschëllegung vu Samsung huet de Südkoreaner sech zefridde ginn an ass erofgeklommen.