D'Koppel aus Dubai hat geplangt, sech an Ägypten ze bestueden, an duerno d'Flitterwochen a Mexiko ze verbréngen.

Wéi si fortgeflu sinn hat nach kee mat enger Pandemie gerechent, esou de Mann.

De 19. Mäerz ass et lassgaangen, a si si vu Mexiko aus fortgeflunn. Wéi si fir en Tëschestopp zu Istanbul ukomm sinn, goufen si och schonn mam ägypteschen Arees-Stopp konfrontéiert. D'Koppel wollt de nächste Fluch zeréck huelen - Ouni Succès.

No engem Dag an der Tierkei ouni Gepäck a weider Informatiounen huet missen en Ersatzplang hier, schliisslech konnten de Mann an d'Fra ouni Fligerticket och net vun de Flughafe Geschäfter profitéieren. No laange Recherchë koum dunn just nach 1 Flughafen a Fro, wou si mat ägypteschem Pass hifléie konnten, an dat waren d'Malediven. 
Dass si do 2 Méint verbrénge géifen haten si zu dem Zäitpunkt nach net geduecht. Wéi de Mann erzielt, hätt een si net eescht geholl, wann si driwwer geklot hunn, op de Malediven festzesëtzen.

Esou paradisesch wéi et sech unhéiert war et da schlussendlech awer net. Och op de Malediven gouf et eng Ausgangsspär, an d'Hoteller konnte keng Gäscht méi unhuelen. Deementspriechend war d'Koppel a 14 verschiddenen Zëmmeren, an a 6 verschiddenen Hoteller. Si goufe mat Waasserfligeren a mat Booter vun Insel zu Insel bruecht, an hunn hiert ganzt erspuertent Geld ausginn.

Als Iwwergangsléisung huet d'Koppel elo ugefaangen, sech mat Minijobs iwwer Waasser ze halen. Den 1. Juni réischt kënnen si en Ticket buche fir Heem.