An der Corona-Zäit si mir meeschtens doheem bliwwen - firwat also schminken? Dat hu sech vill Leit geduecht. Um Marché ass déi méi kléng Nofro ze spieren.

Déi lescht Wochen hu mir wéinst der Corona-Pandemie gréisstendeels doheem verbruecht. Homeoffice, keng Frënn treffen, Kino souwisou net ... Firwat hätt ee sech also solle schminken?

Dat hu sech anscheinend vill Leit geduecht. An der Corona-Zäit ass d'Nofro no Make-up spierbar erofgaangen. Verschiddene Marken no ass den Ëmsaz an de leschte Wochen ëm 30 bis 60 % gefall.

Wéinst der Maskeflicht erwaart d'Branche och fir déi nächst Wochen eng méi kléng Nofro. Éischtens huet een doduerch net esou vill Besoin, sech ze schminken. Mä et huet een och manner Loscht, akafen ze goen, esou Experten aus der Branche. Et kënnt dobäi, datt Butteker den Ament keng Tester vu Kosmetikproduiten dierfen ubidden. Och dat hätt en Afloss op d'Kafloscht vun de Leit.