© Facebook Screenshot
Nodeems d'Kand matkritt huet wéi traureg seng Oppasserin doriwwer war, dass d'Ofschlossfeier ofgesot gouf, huet de Curtis d'Saach a seng eegen Hänn geholl.
De Curtis Rogers huet eng Babysitterin, d'Rachel, mat deem hien immens frou ass. Zanter méi wéi engem Joer passt d'Meedchen no der Schoul op de Curtis op, geet hie sichen, hëlleft him bei den Hausaufgaben a spillt mat him. "Hatt ass Deel vun der Famill, hien huet d'Rachel gären", esou d'Mamm vum Jong. Ma nodeems si dësem gezielt huet, dass op Grond vun der Pandemie d'Rachel elo eng länger Zäit net méi bei d'Famill kéint kommen an ausserdeem och nach der Babysitterin seng Ofschlossfeier géif ausfalen, huet de Bouf e Plang entwéckelt fir dës opzemonteren. Hien huet decidéiert d'Ofschlossparty einfach bei sech doheem ze organiséieren.
Aus der Mini-Ofschlossfeier ass awer séier e schickt Event ginn. Esou huet de Bouf sech an de Kostüm geschmass, am Gaart en Dinner opgeriicht an d'Mamm huet Fotoen dovu geknipst. Virun allem de Video vun der Koppel huet Begeeschterung an de sozialen Netzwierker ausgeléist.