© Twitter Screenshot
Schéin ass et net mee de Mindestofstand kann een domat anhalen
De Mindestofstand anhalen ass guer net esou einfach. Ma genee deem Problem huet sech e rumänesche Schongmaacher, de Grigore Lup, ugeholl an d'Gréisst 75 kreéiert. Duerch déi laang Schong kënnen d'Mënsche sech deemno guer net méi no komme well d'Schongwierk hinne wuertwiertlech am Wee stinn.
Fir ee Puer Schong brauch een dann 2 Deeg fir se ze maachen a se kaschte ronn 115 Euro.