© Pexels
Zu Bochum hat eng Fra Krabbenalarm geschloen, nodeems si d'Déiere vum Himmel fale gesinn huet.
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg ass zu Bochum bei der Police en ongewéinlechen Noutruff agaangen: "Bei der Dorstener Strooss reent et Krabben", esou d'Fra um Telefon. E Policeauto huet sech also op de Wee gemaach fir der Saach nozegoen, natierlech mat der Vermuddung, dass déi Ausso net stëmme kéint. Do ukomm hunn d'Beamten awer gemierkt, dass d'Fra um Telefon net ganz onrecht hat. Um Trottoir waren eng ronn Dose vun de Kriibsdéieren ze fannen. Nach wärend d'Poliziste sech mat engem Zeien ënnerhalen hu si weider Krabbe vun uewe gefall komm an e bësse méi spéit goufe weider 25 Déiere op engem Virdaach fonnt, déi nach net an d'Déift gestierzt waren.
Esou skurril dat Ganzt klengt, et gëtt eng einfach Erklärung: d'Krabbe ware fir d'Sonndesiesse bestëmmt a goufen an der Tëschenzäit an enger Këscht um Balcon gelagert. Iergendwéi hunn d'Déieren et dunn awer fäerdeg bruecht den Deckel dovun opzehiewen a probéiert ze "flüchten".