E 7 Joer alt Meedche wollt senger Kreativitéit fräie Laf loossen an huet esou 37 Autoen zerkraazt.

Zu Hohenstein-Ernstthal a Sachsen huet e 7 Joer alt Kand Schnéiflacken op Autoe gemoolt an dobäi e Schued vun 30.000 Euro ugeriicht. No ëmfangräichen Ermëttlunge sinn d'Beamten dem Meedchen op d'Spuer komm. Nodeems et befrot gouf, huet et dunn zouginn, dass et mat Steng op d'Gefierer gemoolt huet. Et war em dobäi allerdéngs net bewosst, dass et domat de Lack vum Auto géif beschiedegen.