© Pexels
"Ech fänken un mat ziddere wann ech e Liwwerauto gesinn"
All Dag lieft de Jean Van Landeghem an der Angscht viru Pizza-Liwwerungen, an dat zanter 9 Joer. Reegelméisseg kritt de Mann Pizzae geliwwert, déi hien net bestallt huet. Eng Kéier stoung souguer e Liwwerant virun der Dier mat 14 Kartongen, esou de verzweiwelte Jean.
Wéi et virun 9 Joer déi éischte Kéier geschitt ass duecht de Mann sech nach et wär e Feeler vum Restaurant gewiescht. Duerno duecht en et wär en harmlose Witz, ma wéi d'Pizza-Liwwerungen net opgehalen hunn, war e séier genervt vun der Aktioun. "Dat kann an der Woch, awer och Weekends geschéien an zu all Auerzäit. Et ass scho virkomm, dass et um 2 Auer an der Nuecht geschellt huet", esou de Jean. Hie géif dowéinst net gutt schlofen an esoubal e baussen e Liwwer-Gefier héiert géif en ufänke mat zidderen.
Natierlech hätt hien all d'Livraisoune refuséiert a misst se och net bezuelen, ma fir d'Restaurante gëtt et eng deier an och d'Verschwendung vu Liewensmëttel ass enorm. Falls e jee sollt erausfanne wien de Geck mat em mécht huet e sech geschwuer där Persoun et gutt lafen ze loossen.