Et gënnt ee sech jo soss näischt: Dëse Mann huet sech 1000 Euro fir eng "Corona-personaliséiert" Plack kaschte gelooss.

Ob a Geschäfter, op der Aarbecht oder soss anzwousch, iwwerall gëtt ee mam Thema Coronavirus confrontéiert: Och am Stroosseverkéier. Den 11. Mee huet e belschen Automobilist eng Demande beim "SPF Mobilité et Transports" agereecht an dës gouf ugeholl, et stéing jo näischt Sexistesches, Homophobes oder Rassistesches drop. Deemno hätt ee kee Grond d'Ufro ze refuséieren, ëmmerhi kéint een och Placke mat "Gripp", "Erkältung" oder "Ha Ha Ha" umellen.

Fir 1000 Euro krut den Autosfuerer also seng personaliséier Immatrikulatioun an der Belsch a kann d'Leit am Trafic domat un déi aktuell Situatioun erënneren... falls iergendeen op der Welt et sollt vergiess hunn.