© EMMANUEL DUNAND / AFP
Mat 90 Joer hält d'Hamako Mori sech duerch Videospiller fit. Ma hiren Alter ass awer kee Grond fir d'Brems ze zéien a wëll net opginn.
Eng 90 Joer al japanesch Gamerin hält hir Hänn mat Fangerübungen fir hir stonnelaang Videospill-Séancen fit. Mam Alter gëtt et ëmmer méi schwéier, mee si wäert net ophalen an trainéiert weiderhin hir Fangeren mat speziellen Übungen.
D'Hamako Mori seet, datt si gutt spille wëll, egal wéi al si wier a wëll sou laang wéi méiglech weidermaachen.
Mori spill pro Dag 3 bis 4 Stonnen. Videospiller wieren e gudden Stressofbau. Zënter 2014 huet si souguer hiren eegenen Youtube-Channel mat iwwer 300.000 Abonnenten. Pro Mount verëffentlecht d'Hamako Mori 3 bis 4 Videoe wou een hir beim Spillen oder am Alldag nokucke kann. Hiren 43 Joer alen Enkel Keisuke Nagao hëlleft hir den Channel ze geréieren a filmt fir si.
Nieft dem Spillen huet si och de Guinness-Weltrekord fir di eelsten Youtube-Gamerin vun der Welt. All Respekt!