Nodeems e gesinn huet, dass d'Stroosse vu Buffalo voller Dreck waren, wollt hie säin Deel bäidroen an huet matten an der Nuecht ugefaangen ze botzen.

Nodeems den Antonio Gwynn Jr. gesinn huet wéi d'Stroossen no de "Black Lives Matter"-Protester ausgesinn huet, duecht hie sech e géif dozou bäidroe fir seng Noperschaft nees propper ze maachen. Um 2 Auer moies huet e sech also säi Biesem geholl, ass Poubellestute kafe gaangen an huet ugefaangen d'Stroosse vu Buffalo, New York ze botzen, an dat 10 Stonne laang!

Wéi d'Nopere sech moies prett gemaach hu fir opzeraumen, hu si gemierkt dass den 18-Järegen de gréissten Deel dovu schonn erleedegt hat. An de lokalen Noriichten hätt hie gesi wéi den Zoustand vun de Stroossen wär a wollt säin Deel schonn an der Nuecht dozou bäidroen, dass d'Leit moies nees ouni Problemer op d'Aarbecht fuere kéinten.

An der Stad hat sech dem Gwynn seng Aktioun séier ronderëm geschwat an esou huet och de Matt Block, e 27-Joer ale Mann dovu matkritt. Dëse wollt sech erkenntlech weisen an huet dem Schüler säi roude Mustang geschenkt, et wär zwar e Kandheetsdram vun him gewiescht, ma a leschter Zäit hätt en e souwisou net genotzt an esou wär en am 18-Järege sengen Hänn méi nëtzlech. Wéi sech erausgestallt huet war de Kaddo souguer vun nach méi Wäert wéi de Matt sech dat hätt kënne virstellen. Dem Gwynn seng Mamm hat nämlech esou ee Gefier an ass virun 2 Joer gestuerwen.

Ma och de lokale Geschäftsmann Bob Briceland huet dovu matkritt a sech der Dankbarkeet ugeschloss. Hien huet iwwert seng eege Versécherungsfirma eng Assurance fir ee Joer dropgeluecht a wëll domat betounen, dass ee grad zesummenhale muss an der Stad.

An och dat war nach net genuch: Medaille College vu Buffalo hat och vun der Raumaktioun héieren an dem Schüler, deen eigentlech keng Suen hat fir direkt no der High School op d'College ze goen, e Stipendium geschenkt. Am Hierscht wëll de Gwynn dann elo seng Wirtschaftsetüde starten.

Fir de Jong waren all dës Reaktiounen onerwaart an eigentlech hat hie guer net mat enger Géigeleeschtung gerechent. Hie wollt just eppes Guddes fir seng Stad an Nopere maachen. Ma heiansdo sinn et déi kleng Aktiounen, déi Grousses bewierken.