© Unsplash
Am Kopenhagener Zoo hat een Déier besonnesch wéineg Loscht op d'Ausgangsspär...
Zu Kopenhagen ass den Zoo fir Visiteuren zou, ongewinnt fir d'Déiere mee dem Panda Xin Er koum dat geleeë wéi e keng Loscht méi op säi Käfeg hat. Hien ass nämlech aus ënnert engem elektreschen Zonk duerchgekloter an dunn duerch den Zoo spadséiert, esou ze gesinn op den Iwwerwaachungskameraen.
Nodeems e vun engem Mataarbechter entdeckt gouf, gouf de 7 Joer ale Panda betäubt an zréck a säi Gehege bruecht. Dem Panda ass dobäi keen Hoer gekrëmmt ginn an d'Sécherheet vun der Anlag gouf duerno grëndlech iwwerpréift. De Xin Er a seng Partnerin d'Mao Sun, dat sech net um Ausbroch bedeelegt hat, liewen zanter 14 Méint am Zoo vu Kopenhagen.