An natierlech kënnt dës Kreatioun aus Bayern...

Zu Aschaffenburg a Bayern gouf kulinaresch Geschicht geschriwwen, do huet nämlech d'Wiertsfra Jennifer Zeller, d'Brizza erfonnt. D'Kombinatioun aus Bretzel a Pizza kënnt bei verschiddene Gäscht richteg gutt un, bei aneren natierlech éischter net.

Erfonnt gouf et wärend der Coronazäit, do haten d'Geschwëster, déi e Restaurant bedreiwen, déi néideg Zäit bëssen an der Kiche ronderëm ze experimentéieren. D'Konzept ass einfach, den Deeg besteet aus Laugendeeg, deen an der Mëtt méi dënn a bausse méi deck ass. Da kënnt wéi bei anere Pizzaen och Tomatenzooss oder Crème Fraîche drop. Fir am bayresche Flair ze bleiwe soll de Belag dann och méiglechst defteg sinn: Wäisswurschten, Biergkéis, Obatzda, Ennen an och séisse Moschtert.