© Unsplash
No enger OP ass de Sergey Shorokhov an de Koma gefall, wéi en erwächt ass war d'Welt eng Aner...
Am Februar 2020 ass de Russ Sergey Shorokhov no enger OP um Gehier an e Koma gefall. Erwächt ass en elo réischt, an enger Welt an där jidderee Masken unhuet, sech vunenee fort hale muss an och soss ganz villes sech verännert huet. Seng Fra Helena huet him Stéck fir Stéck erkläert wat an deene Woche geschitt war, déi hie quasi verschlof huet. Fir d'éischt krut en d'Info vun der Maskeflicht an dunn dass si hie just mat Erlabnis besichen dierft, an och net ze vill Leit op e Koup kommen dierfen.
Fir de Sergey e Schock an de Plang seng Gesondheet an engem Restaurant ënner normalen Ëmstänn ze feieren, och dat muss elo mol nach waarden.