© Unsplash
Déi 2 hunn eng Noriicht hannerlooss si misste sech elo ëm hir Bouwe këmmeren, duerno géife se dann zréckkommen.
Et krut ee vun den Eltere schonn ëmmer agetriichtert, dass ee Bescheed soe soll wann ee fortgeet a sief et nëmme mat engem klengen Ziedel um Kichendësch. Ma och Prisonéier hale sech un dës Reegel an esou un zwee Männer, déi wéinst Abréch am Prisong souzen eng Noriicht hannerlooss ier se aus hiren Zellen ausgebrach sinn. Um Ziedel stoung, dass si an 2 Wochen nees do wären. Si misste sech just kuerz ëm hir Jonge këmmeren, déi grad a Schwieregkeete stiechen.
Klengt bëssen no "de Papp wollt just nach séier Zigarette kafe goen", mee wie weess villäicht sinn et skurriller Weis och zwee éierlech Onéierlecher. Dat gesi mer dann an 2 Wochen, also wa se bis dann nach net agesammelt goufen.