Hie wollt sech just säin Dram erfëllen, ma fir d'Police war et eng Fälschung...

Alles ëmsoss: E Mann aus Duisburg wollt sech säin Dram vun eegene Ferrari erfëllen. Amplaz vun engem Original ze kafen, huet e säin Toyota MR2 ëmgebaut, klengt kreativ a gesäit deem echte Luxus-Gefier och änlech mee d'Police huet d'Iddi net esou cool fonnt.

Op engem Parking ass de Beamten den Auto an d'A gefall a si hu sech dat trojanescht Päerd mol méi genee ugekuckt. Wéi hinne bewosst ginn ass, dass de Ferrari eigentlech en Toyota ass gouf et eng Klo fir de Ferrari-Fan. Dës Mark ass nämlech geschützt an einfach esou fälschen dierf een d'Autoen natierlech net. Wéinst dem Verstouss géint Marken-Recht dréit dem Mann elo eng Geldstrof an och säin DIY-Auto muss nees an en Toyota ëmgebaut ginn.