© Pexels
Se haten net just keng Kleeder un, och den Auto war net hiren a ganz niichter war hei och keen...
Eng Fra aus Däitschland an e Schwed souzen ouni Kleeder am VW-Bus, dunn ass d'Police komm. Et klengt wéi den Ufank vun engem schlechte Witz, ass awer tatsächlech esou zu Essen geschitt.
Um 23:32 ass de VW-Bus mam Kennzeechen aus Frankfurt engem Passant opgefall. De Bulli wär Schlaangelinne gefuer an dobäi bal an den Auto vum Zeie geknuppt. Wéi de VW eng Vollbremsung gemaach huet, ass de Mann op d'Gefier zougaangen an huet du gesinn: béid Insasse ware plakeg an den Auto hat Spuere vun engem Accident opgewisen. Doropshin huet hie léiwer d'Police alarméiert, déi och direkt komm ass.
D'Beamten hunn den Auto gestoppt mee wéi se mat der Fra schwätze wollten huet dës nees Gas ginn. Op der Flucht virun der Police ass de VW-Bus iwwert eng rout Luucht gefuer, méi wéi 50 sollt op der Verfolgungsjuegd awer net gefuer ginn. An esou konnte se d'Gefier dunn och séier mat engem 2. Police-Auto ausbremsen. Doropshin ass de Bus awer hannertsech an deen éischte Police-Won gerannt, bei deem ee Polizist liicht blesséiert gouf. Fir eng weider Flucht ze verhënneren huet ee Beamten d'Scheif ageschloen an d'Dier vu bannen opgemaach fir de Bäifuerer an d'Chauffere festzehuelen. Wärend déi 2 sech zwar net gewiert hunn, huet de Bus sech selbstänneg gemaach an ass an deen 2. Police-Auto gerannt.
Firwat déi Zwee plakeg ënnerwee ware geet aus dem Bericht net ervir a soll wuel och keng Konsequenzen hunn. D'Fueren ënnert Alkohol- an Drogekonsum (wéi spéider am Blutttest bestätegt), genee esou wéi d'Flucht an d'Klaue vum Bulli allerdéngs schonn!